D'Alþing (och Althing geschriwwen) ass den Numm vum islännesche Parlament. Schonn zu der Zäit vun de Wikinger koum d'AlÞing zu Þingvellir beieneen. Déi reegelméisseg Versammlunge goufen þing genannt; do goufe Streidereie geléist a Reegelen opgestallt. Déi wichtegst vun deene Versammlungen an Island gouf alþingi genannt.

D'Alþing-Gebai zu Reykjavík

D'Alþing a senger aler Form huet als Legislativ vun 930 bis 1262 bestanen. 1262 gouf Island eng norwegesch Kolonie, duerno eng dänesch. 1845 gouf d'Alþing nees als konsultativ Assemblée fir d'dänesch Kroun agefouert, fir dann 1874 op en Neits legislativ Funktiounen z'erfëllen.

D'Struktur vum Alþing, wéi et haut ass, gouf den 1. Dezember 1918 ageriicht, wéi Island en onofhängege Staat a Personalunioun mat Dänemark gouf. Zanter 1944 ass Island eng onofhängeg Republik. 1991 gouf d'Struktur vum Althing nach eng Kéier geännert, andeems déi 2. Chamber ofgeschaaft gouf.

D'Alþing huet säi Sëtz am Alþingishúsið zu Reykjavík (1881 gebaut). Et besteet aus 63 Deputéierten, déi fir 4 Joer gewielt ginn.


Um Spaweck

änneren
Commons: Alþing – Biller, Videoen oder Audiodateien