Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter

D'Allgemeng (oder Universal) Deklaratioun vun de Mënscherechter ass eng Deklaratioun vun der UNO, déi den 10. Dezember 1948 zu Paräis duerch d'Resolutioun 217 A (III) geholl gouf. An hir ginn déi fundamental Mënscherechter duergeluecht. Haaptauteure waren de John Peters Humphrey, d'Eleanor Roosevelt an de René Cassin.

D'Eleanor Roosevelt mat der Universal-Deklaratioun vun de Mënscherechter (1949)

48 vun de 56 Staaten, déi deemools an der UNO waren, hunn déi Deklaratioun ugeholl, 8 hu sech der enthalen (dorënner d'Ostblockstaaten, Südafrika, dat wéinst senger praktizéierter Apartheid d'Gläichheet vun alle Mënschen net acceptéiere konnt, a Saudiarabien deem d'Gläichheet tëscht Mann a Fra net gepasst huet).

Den Text orientéiert sech un der Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter vu 1789 a besteet aus 30 Artikelen. Dora ginn déi fundamental Rechter vun all Mënsch opgezielt, a wéi se virum Recht unzeerkennen an ze respektéiere sinn. Deene viraus geet eng Preambel, an där an aacht Punkten d'Noutwendegkeet vum onverännerleche Respekt vun de Mënscherechter vun alle Länner, Natiounen a politesche Regimmer festgehalen ass.

D'Allgemeng Deklaratioun vun de Mënscherechter gouf vun der Generalversammlung vun der UNO gestëmmt, mä si ka just als eng Proklamatioun ugesi ginn, a si huet kee rechtlechen Afloss. Dofir hätt missen eng Mënscherechtscharta opgesat a gestëmmt ginn. Et gouf deemno eng Kommissioun opgesat, déi no laange Verhandlungen, am Kontext vum Kale Krich, zwéin Zousaztexter ausgeschafft huet: Den Internationale Pakt iwwer d'wirtschaftlech, sozial a kulturell Rechter an den Internationale Pakt iwwer zivil a politesch Rechter.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren