Allgemeiner Luxemburger Musikverein

Den Allgemeiner Luxemburger Musikverein war déi éischt Daachorganisatioun vu lëtzebuergesche Museksveräiner. E gouf den 10. September 1863 gegrënnt. Éischte President war den Auguste Fischer, de Prënz Henri war Éierepresident an de Jean-Antoine Zinnen Direkter.

De 15. Juni 1864 war d'Stëftungsfest zu Ettelbréck. Bei där Geleeënheet ass fir d'éischt Kéier d'Lidd Ons Heemecht vun engem Chouer gesonge ginn. Den Zinnen huet se méi spéit an eng Hymn ëmgeschriwwen, se gouf de 25. Juni 1865 op engem Museksfest vum ALM opgefouert.

1890 gouf den Allgemeiner Luxemburger Musikverein opgeléist.

E Joer drop koum et zu der Grënnung vun engem neien Daachverband, dem Adolf-Verein, dee méi spéit Union Grand-Duc Adolphe genannt sollt ginn.

Quell änneren