Allerhellegenhéichwaasser 1570

D'Allerhellegenhéichwaasser war eng Iwwerschwemmung déi den 1. November 1570 an der Belsch, an Holland an an Däitschland war.

Héichwaasser op der Schelde den 1. November 1570 zu Antwerpen; zäitgenëssescht Fluchblat vum Hans Moser

Déi ganz Küst vu Flandern iwwer Groningen bis an Nord-West-Däitschland gouf iwwerschwemmt. Fënnef Sechstel vun Holland stoungen ënner Waasser, an et gouf ongeféier 20.000 Doudeger.

Am Alten Land, zu Stillhorn, Moorwerder an an de Vier- a Marschlande sinn d'Däicher gebrach, an zu Hamburg gouf d'Ellerntorbréck zerstéiert.

Um Nordwesteck vum Schifen Tuerm vu Suurhusen ass e Steen agemauert deen den Héichwaasserpeegel vun deemools mat 4,40 m iwwer dem Mieresniveau ugëtt.

Um Spaweck änneren