Den Ali Ben Bongo Ondimba, gebuer als Alain-Bernard Bongo den 9. Februar 1959 zu Brazzaville, ass e Politiker aus dem Gabun.

Ali Bongo
Gebuer 9. Februar 1959
Brazzaville
Nationalitéit Gabun
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Affekot
Famill
Papp Omar Bongo
Mamm Patience Dabany

Hien ass de Jong vum fréiere gabunesesche President Omar Bongo a deem senger deemoleger Fra Patience Dabany. Tëscht 1999 an 2009 war hie Verdeedegungsminister ënner dem Premierminister Casimir Oyé Mba. Bei de Presidentschaftswale vum 30. August 2009 ass hien zum President vun der Republik Gabun gewielt ginn.

Bei de Presidentewalen 2016 gouf hien den 30. August als Gewënner, an domat als erëmgewielt, deklaréiert.

De 24. Oktober 2018 gouf de Bongo zu Riad hospitaliséiert. De Vizepresident Pierre Claver Maganga Moussavou huet confirméiert datt de Bongo en Hiereschlag hat, an zanter Enn 2018 an enger Privatresidenz zu Rabat an der Rehabilitatioun ass. Vum 24. Oktober 2018 un, gouf de Bongo net méi an der Ëffentlechkeet gesinn an et gouf souguer Spekulatiounen datt hie gestuerwe wier.[1] An der Neijoerschusprooch den 1. Januar 2019, sengem éischten ëffentlechen Optrëtt zanter Enn Oktober, sot hien et géif him nees gutt goen.[2]

Den 30. August 2023 gouf hie vun de Militärputschisten ofgesat a vum Iwwergankspresident Brice Clotaire Oligui Nguema ersat.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. President Ali Bongo of Gabon down with stroke (en)
  2. Gabon coup: Government says 'situation under control' (en)