Alfred Biolek

däitsche Professer a Fernseemoderateur

Den Alfred Franz Maria Biolek (dacks just Bio genannt), gebuer den 10. Juli 1934 zu Fryštát, deemools an der Tschechoslowakei, a gestuerwen den 23. Juli 2021 zu Köln, war en däitsche Jurist, Televisiounsmoderator a -produzent, Talkmaster, Entertainer a Kachbuchauteur.

Alfred Biolek
Gebuer 10. Juli 1934
Fryštát
Gestuerwen 23. Juli 2021
Köln
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Universitéitsprofesser, Entertainer, Jurist, Auteur, Televisiounsproduzent, Kënschtler
Partei CDU

1971/72 huet hie mat de brittesche Komiker Monty Python eng däitschsproocheg Versioun vun hirem Monty Python's Flying Circus opgeholl. Vun 1974 un huet hien d'Samsdesowessendung Am laufenden Band mam Rudi Carrell produzéiert.

Hie war ee vun den éischten, deen op der däitscher Tëlee Talkshowe gemaach huet, a gouf vum Enn vun den 1970er-Jore u mat Emissioune wéi Bio's Bahnhof, Boulevard Bio a mat der Kachemissioun alfredissimo! bekannt.

Literatur (Auswiel) änneren

  • Norbert Thomas: Alfred Biolek und sein Bahnhof. C. Bertelsmann Verlag, München 1982, ISBN 3-570-01863-6.
  • Lukas Bernhardt: Alfred Biolek. Szenenwechsel: Vom Fernsehmacher zum Fernsehstar. Eine Biographie. Dirk Lehrach Verlag, Düsseldorf 2000, ISBN 3-9806151-4-6.

Um Spaweck änneren

Commons: Alfred Biolek – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren