Alexis de Tocqueville

franséische Politiker

Den Alexis de Tocqueville, eigentlech Alexis Henri Charles de Clérel, vicomte de Tocqueville, gebuer den 29. Juli 1805 zu Paräis, a gestuerwen de 16. Abrëll 1859 zu Cannes un Tuberkulos, war e franséische Publizist a Politiker. Hie gëllt als Pionéier vun der Soziologie a gëtt dacks, wéinstens an de liberale Kreesser, als Géigestéck vum Sozialist Karl Marx duergestallt, dat obwuel hie sech selwer als Progressist betruecht huet (hie war z. B. 1846 bei der Grënnung vun der Jeune Gauche mat derbäi).

Alexis de Tocqueville
Alexis de tocqueville cropped.jpg
Gebuertsnumm Alexis-Charles-Henri Clérel de Tocqueville
Gebuer 29. Juli 1805
Paräis
Gestuerwen 16. Abrëll 1859
Cannes
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Philosoph, Politiker, Schrëftsteller, Soziolog, Publizist, Jurist
Partei Legitimisten
Member vun Académie française, Académie des sciences morales et politiques, Académie des sciences, arts et belles-lettres de Caen
Famill
Bestuet mat Marie Mottley
Papp Hervé Clérel de Tocqueville
Mamm Louise Le Peletier de Rosanbo
Geschwëster Hippolyte Clérel de Tocqueville, Édouard de Tocqueville
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Liewenslaf a CarrièreÄnneren

Nom Studium vum Droit ass den Alexis de Tocqueville 1827 Magistrat ginn.

1831 huet en, ënnert dem Virwand, eng Etude iwwer de Strofvollzugsystem an den USA ze maachen, eng grouss Rees vu bal engem Joer mat sengem Kolleeg a Frënd Gustave de Beaumont an Amerika gemaach. Aus där Erfarung sinn déi zwéi Bänn iwwer d'Demokratie an Amerika (De la démocratie en Amérique, 1835/40) entstanen.

Kuerz duerno, wéi en a Frankräich zréck war, huet hien de 26. Oktober 1835 - géint de Wëlle vu sengen Elteren - d'Mary Mottley, eng net-adeleg, éischter aarm a protestantesch (si huet sech allerdéngs virum reliéise Bestietnes zum Katholizismus bekéiert, well d'réimesch-kathoulesch Kierch deemols nach keng "mixt" Bestietnesser akzeptéiert huet) Englännerin bestuet, déi a Frankräich immigréiert war an déi en zanter 1828 kannt huet.

Mat 33 Joer gouf den Alexis de Tocqueville, deen als Nofolger vum Montesquieu betruecht gëtt, an d'Académie des sciences morales et politiques gewielt; an dräi Joer drop gouf en an déi prestigiéis Académie française opgeholl.

1839 gouf en am Departement Manche als Députéierte vu Valognes gewielt (d'Famill de Tocqueville koum aus der Normandie), wou en zweemol rëmgewielt gouf. Hie war géint d'Sklaverei, gläichzäiteg awer d'accord mat der Koloniséierung vun Algerien, wouhin en zweemol gereest ass. Allerdéngs war e skandaliséiert iwwer d'Willkür vum Militär, an e wollt, datt an Algerien onbedéngt eng zivil Verwaltung ageriicht géif ginn, fir de Respekt vum allgemenge Recht fir jiddereen ze garantéieren.

D'Joer 1848, an deem d'Februarrevolutioun de Louis-Philippe I., Kinnek vun de Fransousen, gestierzt huet, war fir den Tocqueville decisiv: hie gouf - iwwregens déi Kéier nom allgemenge Walrecht - rëmgewielt an huet un der Elaboratioun vun der Konstitutioun vun der Zweeter Republik matgeschafft. Just duerno gouf en zum Ausseminister genannt. A senge Souvenirs huet en allerdéngs en haart Urteel iwwer d'Revolutioun vun 1848 gefällt. Fir hien hat de Sozialismus d'Aarbechterklass bedrunn, an déi hat de Fräiheetsideal vu 1789 verroden. Deemols huet e gesot: "La démocratie veut l'égalité dans la liberté et le socialisme veut l'égalité dans la gêne et dans la servitude".

Vun 1849 bis 1852 war den A. de Tocqueville President vum Conseil général vum Departement Manche.

1851 war hien en declaréierte Géigner vum President Louis-Napoléon Bonaparte sengem Staatsstreech. Dofir gouf e kuerz zu Vincennes am Fort agespaart. An duerno huet e sech aus der Politik erausgehalen.

1856 huet en den éischten Deel vu sengem grousse Wierk iwwert d'Enn vum Ancien Régime an iwwert d'Franséisch Revolutioun vu 1789 erausginn. Hie war am Gaang d'Suite ze verfaassen, wéi en 1859 zu Cannes un Tuberkulos gestuerwen ass.

Publikatiounen (Auswiel)Änneren

  • De la démocratie en Amérique; 2 Bänn, 1835 & 1840.
  • Travail sur l'Algérie; 1841.
  • Souvenirs; 1848.
  • L'Ancien Régime et la Révolution française; 1856.
  • Œuvres, an dräi Bänn; Paräis (Gallimard, 'La Péiade'), 1991, 1992 an 2004; ongeféier 4300 Säiten am Ganzen.

LiteraturÄnneren

  • Raymond Aron, Les étapes de la pensée sociologique; Paräis (Gallimard; collection TEL), 1967.
  • Françoise Mélonio, Tocqueville et les Français; Paräis (Aubier), 1993.
  • Lucien Jaume, Tocqueville, les sources aristocratiques de la liberté - Biographie intellectuelle; Paräis (Fayard), 2008; 473 S.; ISBN 978-2-213-63592-7
  • Christine Kerdellant, Alexis, ou la vie aventureuse du comte de Tocqueville (romancéiert Biographie); Paräis (Robert Laffont), 2015; ISBN 978-2-221-14487-9
  • Nicolas Baverez, Le monde selon Tocqueville: Combats pour la liberté; Paräis (Tallandier), 2020.
  • Michel Onfray, Tocqueville et les Apaches - Indiens, Nègres, ouvriers, Arabes et autres hors-la-loi; Paräis (Autrement), 2017; 196 S.; ISBN 978-2-7467-4553-7