Hubert Jaillot

franséische Geograph, Kartograph an Editeur
(Virugeleet vu(n) Alexis-Hubert Jaillot)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Charles Hubert Alexis Jaillot, gebuer 1632 zu Avignon-lès-Saint-Claude, a gestuerwen den 2. November 1712 zu Paräis, war e franséische Kofferstiecher, Kartograph an Editeur zu Paräis.

Hubert Jaillot
Gebuer 1632
Avignon-lès-Saint-Claude
Gestuerwen 2. November 1712
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Editeur, Geograph, Kartograph, Kofferstiecher, Graphiker, Sculpteur, Graveur
Kart vum Ottomanesche Räich, 1696

Hie war e Schüler vum Nicolas Sanson.

Vun 1689 un huet hien Atlanten op Basis vu Kaarte vum Nicolas Sanson, an Zesummenaarbecht mat deem senge Jonge Guillaume an Adrien Sanson, erausbruecht.

Dorënner waren och en ettlech Kaarte vum Herzogtum Lëtzebuerg

Cercle Jaillot änneren

Zu Lëtzebuerg gouf et tëscht 1972 an 1990 eng Amicale vu Luxemburgensia-Sammler, déi sech no him Cercle Jaillot genannt huet. De Cercle Jaillot huet 1984 e Faksimile vun enger rarer Fluchschrëft vu 1684 erausginn, an 1986 eng rar Vue vu Lëtzebuerg vum K. Stammer, an ausserdeem 2 Ausstellunge vun ale Kaarten a Pläng vu Lëtzebuerg organiséiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Hubert Jaillot – Biller, Videoen oder Audiodateien