Aldringen
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Uertschaft Aldringen. Fir de Feldhär, kuckt wgl. Johann von Aldringen. |
Aldringen ass eng Uertschaft an der Gemeng Burg-Reuland am Südoste vun der Provënz Léck un der däitscher a lëtzebuergescher Grenz a gehéiert zur däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.
Aldringen | |
---|---|
Kierch vun Aldringen (2011) | |
Land | Belsch |
Regioun |
![]() |
Communautéit |
![]() |
Provënz |
![]() |
Arrondissement | Verviers |
Gemeng | Burg-Reuland |
Koordinaten |
50° 13’ 16.35’’ N 06° 01’ 27.56’’ O |
Telefonszon | 080 |
Postcode | 4791 |
![]() |
Aldringen huet 317 Awunner.
Geschicht
ännerenE réimesche Sailestomp ënner dem Dafsteen an der Parkierch Aldringen aus dem 2. Joerhonnert no Christus deit op eng fréi Besiidlung hin. Aldringen gouf als Par fir d'éischt am Joer 1131 ënner Aljer ernimmt.
Fréier gouf et zu Aldringen eng Buerg op där Plaz, déi haut Burgstadt heescht. Vun der Buerg ass haut näischt méi ze gesinn. Nokomme vun der Famill Aldringen liewen haut nach zu Lëtzebuerg an zu Wien als Adelsgeschlecht.
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Aldringen zu der fréierer Gemeng Thommen gehéiert.
Geographie
ännerenD'Uertschaft grenzt u Beho, Deifelt, Espeler, Thommen a Maldingen. Aldringen besteet nieft dem bebauten Duerfkär gréisstendeels aus Weedeland. Et gëtt och Akerland an e klengt Stéck Bësch.
Offiziell gëtt et zu Aldringe keng Stroossennimm. Stroossen, Uertsdeeler, Bëscher, asw. hunn Nimm wéi, "'d Jaass", "'d Stross" "op't Buresch", "on 't Steekoul", "de Moljerweich"...
Um Spaweck
ännerenCommons: Aldringen – Biller, Videoen oder Audiodateien |