Den Albert Bruce Sabin, gebuer de 26. August 1906 als Albert Saperstein zu Białystok (dunn am Russesche Keeserräich, haut a Polen), a gestuerwen den 3. Mäerz 1993 zu Washington, D.C., war en Dokter a Virolog. Hien huet op der Basis vun de Viraarbechte vum Jonas Salk d'Schluckimpfung géint Kinderlähmung (Polio) entwéckelt.

Albert Sabin
Gebuer 26. August 1906
Gestuerwen 3. Mäerz 1993
Washington
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA, Russescht Keeserräich
Educatioun New York University
Aktivitéit Virolog, Universitéitsprofesser, Erfinder, Immunolog, Epidemiolog
Member vun Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences

Liewen änneren

De Sabin ass 1920/21 mat senger Famill an d'USA emigréiert, wou e bis 1931 op der New York University Medezin studéiert huet. 1930 krut hien déi US-amerikanesch Nationalitéit.

Vun 1935 bis 1939 huet hien um Rockefeller Institute for Medical Research geschafft. 1939 gouf en zum Professer fir pediatresch Fuerschung op der University of Cincinnati ernannt. Do huet hie bis 1969 geschafft. 1960 gouf déi vun him entwéckelt Schluckimpfung géint Kinderlähmung no laangen Tester, fir d'éischt a groussem Moossstaf agesat.

Méi spéit huet de Sabin och um Weizmann-Institut (1970–72), um National Cancer Institute vun den USA (1974) an op der Medical University of South Carolina (1974–82) geschafft a gefuerscht.

Déi lescht Statioun vu senger wëssenschaftlecher Karriär war de Fogarty International Center for Advanced Studies in the Health Sciences, deen zum National Institute of Health (NIH) gehéiert huet. 1988 goung en a Pensioun.

Um Spaweck änneren

Commons: Albert Sabin – Biller, Videoen oder Audiodateien