Den Albaldah ass e Méifachstär Pi Sagitarii (och π Sgr / π Sagittarii) am Stärebild vum Sagittarius. Hien huet eng visuell Magnitude vu +2,89 mag a gehéiert der Spektralklass F2II un. Den Albaldah ass 440 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

Den Albaldah huet zwéi Begleeder an enger noer Ëmlafbunn. De Pi Sagittarii B ass 0,1 Bousekonnen oder mindestens 13 Astronomesch Eenheeten (AE) vum Albaldah ewech. Den zweete Begleeder, de Pi Sagittarii C, ass 0,4 Bousekonnen oder mindestens 40 AE ewech.

Den Albaldah kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a ganz seelen och vu Planéite bedeckt ginn. Déi nächst Okkultatioun vum Albaldah duerch e Planéit ass de 17. November 2035 duerch de Planéit Venus.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren