Den Alar Karis, gebuer de 26. Mäerz 1958 zu Tartu, an der deemoleger Estescher SSR, ass en estesche Biolog a Politiker (ouni Partei). Hie gouf den 31. August 2021 zum 6. Staatspresident vun der Republik Estland gewielt.

Alar Karis
Gebuer 26. Mäerz 1958
Nationalitéit Estland
Aktivitéit Fonctionnaire
Partei Onofhängeg

Virdru war hie Professer fir Entwécklungsbiologie op der Universitéit Tartu, vun 2007 bis 2012 där hire Rekter, vun 2013 bis 2018 President vum estesche Rechnungshaff (Riigikontrolör) a vun 2018 bis 2021 Direkter vum Esteschen Nationalmusée.

An den 1990er Joren huet hien als Wëssenschaftler op der Universitéit Hamburg (1991), um National Institute for Medical Research bei London (1992/93) an op der Erasmus-Universitéit Rotterdam (1993 bis 1998) geschafft. Säi Schwéierpunkt louch vun do un an der Molekulargenetik.

Den 11. Oktober 2021 gouf hien als President vereedegt.

Um Spaweck änneren

Commons: Alar Karis – Biller, Videoen oder Audiodateien