Den Alain Kohl, gebuer de 25. August 1982 an der Stad Lëtzebuerg, ass e professionelle lëtzebuergesche Waassersportler am Tuermsprangen.[1]

Alain Kohl
Gebuer 25. August 1982
Nationalitéit Lëtzebuerg

No e puer Joer an der olympescher Disziplin huet hie bei d'Klippesprénger gewiesselt a gouf do 2006 de Fënneften op der Weltmeeschterschaft.

Hie war vum 14. Oktober 2002 bis den 2. Mäerz 2006Member vun der Section sports d'élite de l'armée vun der Lëtzebuerger Arméi.[2]

No 2008 an 2010 ass 2011 déi 3. Saison, an där den Alain Kohl un de 'Red Bull Cliff Diving World Series' deelhëllt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Portrait vum Alain Kohl op der Websäit vu Red Bull
  2. Sportifs de la Section de Sports d'Elite de l'Armée (SSEA) Gearchiveerd op 2022-09-20. Gekuckt de(n) 21. Juli 2020.