En Akafsweenchen ass e Won, aus Metall oder deelweis aus Plastik, dee geduecht ass fir d'Wuere beim Akaf an engem Supermarché oder soss engem Buttek ze transportéieren. E rullt op klenge Rieder, a gëtt gedréckt. Akafsweenercher si sou gebaut, datt s'anenee gestach kënne ginn, fir sou manner Plaz beim Stockéieren ewechzehuelen. Dofir si se vir méi schmuel a méi héich wéi hannen, an déi hënnescht Säit léisst sech no bannen an no uewe klappen.

Supermarchés-Akafsweenercher an der Rei.

Dacks sinn Akafsweenercher mat engem Schlass ekipéiert, an deem e Schlëssel stécht, deen un engem anere Weenchen drunhänkt. Fir dat "Schlass" opzemaachen (a sou de Weenche lasszemaachen), brauch ee gewéinlech eng Mënz, déi feststécht, soulaang een de Stëft net nees dramécht. D'Iddi ass fir d'Leit dozou ze bréngen, de Weenchen nom Akaf nees op enger bestëmmter Plaz ofstellen, fir sou hir Mënz erëmzekréien, an ze verhënneren, datt en egal wou stoegelooss gëtt.

Dee bekanntsten, well eelste Produzent an Europa ass déi franséisch Firma Caddie SA, déi där Weenercher ënner der registréierter Handelsmarque Caddie produzéiert (an déi dacks als Begrëffsmonopol fir "Akafsweenche" gebraucht gëtt). 1980 hat Caddie ronn 80 % vum europäesche Marché vun den Akafsweenercher. Zanterhier ass d'Konkurrenz méi grouss ginn; sou gëtt et déi spuenesch Firma Marsanz, déi an 80 Länner hir Weenercher verkeeft, an déi éisträichesch Firma Wanzl Metallwarenfabrik GmbH, deem gréisste Produzent weltwäit. Och a China gëtt et mëttlerweil eng Rëtsch Produzenten, an an den USA sinn et Unarco, United Steel Wire Company an Americana Companies Inc., déi der produzéieren.

Den Akafsweenche gëtt haut och am Online-Akafen als Metapher gebraucht fir den Ensembel vun den Artikelen, déi ee sech an engem Online-Katalog erausgesicht huet.

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Shopping carts – Biller, Videoen oder Audiodateien