Aide de camp

perséinlechen Assistent vun enger héichrangeger Persoun

En Aide-de-camp (gekierzt ADC) oder Fligeladjutant, ass den Adjutant, Sekretär oder perséinlechen Assistent vun enger héichrangeger Persoun, meeschtens vun engem héije Militär oder vum Staatschef vun engem Land.

Den Aide de camp salutéiert iwwerdeems de Grand-Duc an den Auto klëmmt

Aufgaben änneren

D'Aufgabe vum Aide de camp bestinn doran, als Verbindungsglidd tëscht sengem Virgesetzten an den aneren Deeler vun der Befeelsketten ze fungéieren. Donieft passt en drop op, datt de Protokoll agehale gëtt. Hien ënnerstëtzt generell seng Virgesetzte mat Rot an Dot a bekëmmert sech ëm hiert Wuelbefannen.

Éierentitel änneren

A verschiddene Staaten ass den Aide de camp just en Éierentitel. E gëtt da mat ADCH (Aide de camp honoraire) gekierzt.

Uniform änneren

 
Gëlle Kordel vun enger amerikanescher A-Klass-Uniform

Als Erkennungszeechen dréit den Aide de camp op senger Uniform meeschtens eng Kordel ((fr) Aiguillette) op der Schëller.

Zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg ass dem Groussherzog säi Fligeladjutant meeschtens e jonken Arméis-Offizéier am Rang vun engem Kapitän oder Majouer.

Um Spaweck änneren

Commons: Aide de camp – Biller, Videoen oder Audiodateien