Den Aidamir Mugu (Айдамир Мугу), gebuer de 17. Abrëll 1990 zu Maikop, Republik Adygeja, Russland, ass e russesche Sänger.

Aidamir Mugu
Gebuer 16. Abrëll 1990
Maikop
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Sänger

Geschicht änneren

De Mugu huet sech am Summer 2004 en Numm gemaach wéi hien zesumme mam Akkordeonist Aslan Tlebzu säi Lidd "Schwaarz Aen" (Чёрные глаза) op Russesch an am tradtionelle tscherkessesche Melodiestil opgeholl huet, an deem en eng onglécklech Léift zu enger ondefinéierbarer Schéinheet beséngt.

Déi zwéin hunn nach an der selwechter Saison eng sëllege Concerte ginn an och hir éischt CD erausbruecht, wou nieft hirem groussen Hit nach aacht weider Lidder mat naiv-leidenschaftlecher Summerstëmmung drop sinn. De Mugu ass awer weider um Lycée vu Maikop bliwwen, wou en alles wat e wéinst seng plëtzlecher musikalescher Karriär verpasst huet nohëlt.

Discographie änneren

  • Schwaarz Aen (Чёрные глаза, 2005)
  • Dololai (Дололай)
  • Sief net jalous (Не ревнуй)