Agop Terzan

franséisch-armeeneschen Astronom

Den Agop Terzan, gebuer den 31. Oktober 1927 zu Istanbul, ass e franséischarmeeneschen Astronom. Hie krut de BA a Mathematik an Astronomie am Joer 1945 an de Master an Astronomie am Joer 1949. Am Joer 1965 huet hien op der Universitéit Lyon en Doktorat gemaach.

Agop Terzan
Gebuertsnumm Agop Nubar Terziyan
Gebuer 31. Oktober 1927
Istanbul
Gestuerwen 4. Abrëll 2020
Nationalitéit Tierkei, Frankräich
Educatioun Universitéit vu Lyon
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun

Den Terzan ass Member vum French National Astronomy Committee a vun der Internationaler Astronomescher Unioun.

An den 1960er-Joren huet den Terzan 710 verännerlech Stäree an eelef Kugelstärekéip entdeckt, déi no him genannt sinn:Terzan 1, Terzan 2, Terzan 3, Terzan 4, Terzan 5, Terzan 6, Terzan 7, Terzan 8, Terzan 9, Terzan 10 an den Terzan 11. An de Joren derno entdeckt hie weider 4430 verännerlech Stären, 158 diffus Niwwelen, 124 Galaxien an 1428 Stäre mat héijer Eegebeweegung.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie