Affentheurlich Naupengeheurliche Geschichtklitterung

Affentheurlich Naupengeheurliche Geschichtklitterung ass e Buch vum Johann Fischart aus dem Joer 1575. Et ass eng vun deenen éischte Sproochspillereien an der däitscher Literatur.

De Fischart huet nieft Däitsch, Latäin, Griichesch a Franséisch och Italieenesch an Hollännesch konnt, soudatt hien déi Sproochen a seng Bicher konnt mat antrëtzen. Op déi Manéier gesäit seng Geschichtklitterung aus wéi e Virleefer vum James Joyce sengem Finnegans Wake an dem Arno Schmidt senge Wierker aus den Ziedelkëschten.

Mat der Geschichtklitterung wollt de Fischart dem François Rabelais säi Gargantua a Pantagruel op Däitsch iwwerdroen. Mä de Fischart huet dovu profitéiert, seng eege Fantasie mat an d'Spill ze bréngen. Wéi dat ausgesäit, weist schonn den Text op der Titelsäit vun der Editioun vun 1590. Et geet ëm:

Thaten und Rhaten der vor kurtzen langen unnd je weilen Vollenwolbeschreiten Helden und Herren Grandgoschier Gorgellantua und deß deß Eiteldurstlichen Durchdurstlechtigen Fürsten Pantagruel von Durstwelten, Königen in Vtopien, Jederwelt Nullatenenten vnd Nienenreich Soldan der Neuen Kannarien, Fäumlappen, Dipsoder, Dürstling, vnd OudissenInseln: auch Großfürsten im Finsterstall, vnd Nubel NibelNebelland, Erbvögt auff Nichilburg, vnd Niderherren zu Nullibingen, Nullenstein und Niergendheym.

Editiounen änneren

  • Johann Fischart: Geschichtklitterung (Gargantua). Text der Ausgabe letzter Hand von 1590. mat engem Glossar erausgi vun der Ute Nyssen. 2 Bänn. Rauch Verlag, Düsseldorf, 1963
  • Johann Fischart: Affentheurlich Naupengeheurliche Geschichtklitterung, Eichborn Verlag, Frankfurt am Main, 1997.

Literatur zum Theema änneren

  • Hugo Sommerhalder: Johann Fischarts Werk. Eine Einführung., De Gruyter Verlag, Berlin, 1960
  • Rüdiger Zymner: Manierismus. Zur poetischen Artistik bei Johann Fischart, Jean Paul und Arno Schmidt. Schöningh Verlag, Paderborn, 1995.

Um Spaweck änneren