Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Adygeisk (op Russesch: Адыгейск, op Adygeesch: Адыгэкъалэ oder Адыгэкъал) ass eng Stad an der Republik Adygeja am russesche Federatiounskrees Südrussland. Si läit um Süduwänner vum Krasnodarer Stauséi, eng 100 km südëstlech vu Maikop (Verwaltungszentrum vun der Regioun).

Adygeisk
Land Russland
Federatiounskrees Südrussland
Status Republik
Regioun Adygeja
Gegrënnt 1969
Awunner 12.745 (1. Januar 2018)
Fläch 32
Koordinaten 44°52'48"N, 39°11'24"O
Zäitzon UTC+3
Postcode 385200
Websäit http://www.adigeisk.ru

Si ass de Verwaltungszentrum vum Stadkrees Adygeisk an huet 12.659 Awunner (Stand 2015)[1] an eng Fläch vun zirka 32 km².

Adygeisk gouf 1969 ënner dem Numm Adygeiski (Адыгейский) gegrënnt, als Ëmsiidlungsplaz fir déi ronn 8000 Leit déi dem Stauséi bei deem sengem Bau hu missen aus de Féiss goen. Déi meescht Ëmsiidler waren Tscherkessen (déi sech selwer Adyge nennen), dohier den Numm vun der Siidlung. Am Joer 1976 gouf se als Stad unerkannt an op Teutschejsk (Теучежск) ëmbenannt, zu Éiere vum lokalen Dichter Zug Teutschej. 1992 ass den Numm zeréck op Adygeisk geännert ginn.[2]

D'Ekonomie vun der Stad ass landwirtschaftlech markéiert a baséiert virun allem op enger Broutfabréck an enger Molkerei. Eng sëllegen Awunner schaffen zu Krasnodar, wat just eng 30 km ewech läit.

Adygeisk

Um Spaweck änneren

Commons: Adygeisk – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.statdata.ru/naselenie/respubliki-adygeya
  2. http://smgrf.ru/portfolio/adygejsk/