En Adventskranz ass e Kranz (hautdesdaags och alt e Blummenarrangement) aus Dännen- oder Fiichtenäscht, op deem 4 Käerze stinn. Jiddwer Adventssonndeg gëtt eng Käerz méi ugefaangen. Sou sinn dräi Symboler am Adventskranz ze erkennen: ronn fir d'Onendlechkeet vu Gott (keen Ufank a keen Enn), gréng Faarf fir d'Hoffnung an d'Liicht dat ëmmer méi grouss gëtt a sou op d'Komme vu Christus soll hiweisen.

Den Adventskranz 2007 an der Kierch zu Wasserliesch
Den original däitschen Adventskranz vun 1839

De Brauch vum Adventskranz geet zeréck op den däitsche Sozialreformer Johann Hinrich Wichern. Hien huet sech no sengem Theologiestudium ëm vernoléissegt Kanner gekëmmert, a se a sengem Rauhe Haus, dat hien 1833 zu Horn bei Hamburg gegrënnt hat, opgeholl. Fir de Kanner déi Zäit vum Advent, déi se ongedëlleg op Chrëschtdag gewaart hunn, méi kloer ze maachen, huet de Wichern e Kranz gebonnen a 24 Käerzen drop gestallt. All Dag vum Dezembermount gouf sou eng Käerz weider ugefaangen.

1925 houng fir d'éischt en Adventskranz mat véier Käerzen an enger kathoulescher Kierch zu Köln, an 1930 een zu München.

Um Spaweck änneren

Commons: Adventskränz – Biller, Videoen oder Audiodateien