Haaptmenü opmaachen
Adrastea
(Jupiter XV)
De Jupitermond Adrastea, opgeholl vum Galileo.
De Jupitermond Adrastea, opgeholl vum Galileo.
Provisoresch oder
systematesch Bezeechung
S/1979 J 1
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 128.980 km
Periapsis 128.750 km
Apoapsis 129.210 km
Exzentrizitéit 0,0018
Ëmlafzäit 0,298 Deeg
Ëmlafvitess 31,48 km/s
Inklinatioun 0,054°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser   16,4 km
Mass  6,93 × 1015 kg
Dicht  3,0 g/cm3
Albedo  0,100
Visuell Magnitude 18,7 mag
Entdeckung
Entdecker  Voyager 2
Entdeckungsdatum  8. Juli 1979

Den Adrastea (oder Jupiter XV) ass den zweetbannenzegste bekannte Mound vum Planéit Jupiter.

Inhaltsverzeechnes

EntdeckungÄnneren

Den Adrastea gouf den 8. Juli 1979 vum Astronom David C. Jewitt an dem G. Edward Danielson op Fotoe vun der Raumsond Voyager 2[1] entdeckt a krut déi virleefeg Bezeechnung S/1979 J 1. Am Joer 1983 gouf de Mound offiziell no der Adrasteia genannt, enger Gëttin aus der griichescher Mythologie, déi fir di'Verdeelung vu Belounung a Bestrofung zoustänneg ass.

BunndatenÄnneren

De Mound Adrastea beweegt sech bannenzeg vum Jupiter Ranksystem an ass wahrscheinlech eng Quell fir d'Partikele vum Rank.

De Mound leeft ëm de Jupiter bannenzeg vum rotatiounssynchronen Orbitalradius an ass dobäi de staarke Gezäitekräfte vum Riseplanéit ausgesat. De Mound ass kleng genuch, fir net vun de Kräften zerrappt ze ginn, mä seng Ëmlafbunn – geneesou wéi déi vum bannenzege Mound Metis – wäert an Zukunft méi kleng ginn, sou datt hien iergendwann op de Jupiter fällt.
Den Adrastea ass op der Roche-Grenz fir flësseg Mounden, d. h., hien ass nëmmen duerch den Zesummenhalt vum Material stabil. D'Fluchtvitess an der Tabell gëllt dofir nëmme fir eng Bewegung am rechte Wénkel zum Gasplanéit.

Opbau a physikalesch DatenÄnneren

Den Adrastea ass 25 × 20 × 15 Kilometer grouss, wat ongeféier engem mëttleren Duerchmiesser vun 20 Kilometer entsprécht. Déi héich Dicht vu 4,5 g/cm3 léisst drop schléissen, datt de Mound haaptsächlech aus Silikatgestengs souwéi groussen Eisendeeler zesummegesat ass.

Hien huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,05, d. h., nëmme 5 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 18,7m.

Den Adrastea rotéiert a 7 Stonnen an 9 Minutten ëm déi eegen Achs an huet domat, wéi eisen Äerdmound, eng gebonne Rotatioun.

Kuckt ochÄnneren