Adolphe Eberhard
![]() |
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den (Nicolas) Adolphe Eberhard,, gebuer den 1. Juli 1896 an der Neippergstrooss an der Stad[1], a gestuerwen den 9. Dezember 1941 zu Koblenz[2], war e lëtzebuergesche Moler an Zeechner.
Adolphe Eberhard | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
1. Juli 1896 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
9. Dezember 1941 Koblenz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | École nationale supérieure d'art de Nancy |
Aktivitéit | Moler |
![]() |

Säi Liewen
ännerenDen Adolphe Eberhard huet an der Industrieschoul an an der Handwierkerschoul an der Stad geléiert. 1913 goung hien op d'Hochschule für Bildende Künste Dresden. 1918 war hien e puer Méint zu Berlin am Kaiser-Friedrich-Museum a duerno Chargé de cours am Escher Meedercherslycée, wou hien den Dominique Lang ersat huet, deen 1919 gestuerwe war. Vun 1920 bis 1921 huet hien am Meedercherslycée an der Stad de Jean-Pierre Lamboray ersat, dee krank gi war.
No engem Studium op der École des beaux-arts de Nancy wou hien am Juli 1929 seng Maîtrise de dessin gemaacht huet, gouf hien 1937 Zeecheprofesser an der Handwierkerschoul an der Stad.
1941 goung hien op Koblenz, wou en den 9. Dezember 1941 gestuerwen ass.
Ausstellungen
ännerenLiteratur
änneren- “Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur”, S. 134, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2
Auszeechnungen
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Adolphe Eberhard – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Adolf Eberhard, der Zeichner Alt-Luxemburgs † Noruff am Luxemburger Wort vum 10. Dezember 1941
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Gebuertsakt vun der Stad Lëtzebuerg vum 1. Juli 1896
- ↑ Doudesannonce vum Adolf Eberhard am Luxemburger Wort vum 15. Dezember 1941
Quell, wann net anescht uginn: “Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur”, S. 134, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2