Accident vum Pilatus OO-NAC
Accident vum Pilatus OO-NAC | |
Datum: | 19. Oktober 2013 |
Plaz: | ![]() |
Passagéier: | 10 |
Equipage: | 1 |
Dooudeger: | 11 |
Fliger: | Pilatus PC-6 Turbo-Porter |
Koordinaten: | 50° 31’ 04’’ N 04° 57’ 02’’ O |
D'Accident vum Pilatus OO-NAC och Fligeraccident vu Gelbressée oder vu Marchovelette genannt, war den 19. Oktober 2013 géint hallwer véier Lokalzäit tëscht den Uertschafte Gelbressée an der Gemeng Namouer a Marchovelette an der Gemeng Fernelmont. Et ass zanter dem Sabenasaccident vun 1961 dat schwéierst Accident am zivile Loftverkéier an der Belsch.
De FligerÄnneren
De Fliger mat der Immatrikulatioun OO-NAC [1], war eng eemotoreg Propellermaschinn vum Modell Pilatus PC-6, mat engem Pratt & Whitney Turbinnemotor[2]. U Bord waren de Pilot an zéng Passagéier déi sollten e Spronk mam Fallschierm maachen, dorënner e 70 Joer ale Lëtzebuerger. Et huet kee vun hinnen d'Accident iwwerlieft.
ReferenzenÄnneren
- ↑ OO-NAC, Pilatus PC-6 B1H2, Seriennummer 710, gebaut 1969, agedroen de 5. Mäerz 2003, Regësternummer 5269, Proprietär Namur Air Promotion (src: mobilit.fgov.be)
- ↑ L'avion qui s'est écrasé avait déjà fait un crash en 2000