D'Abtei vu Westmalle (nl: Abdij van Onze-Lieve-Vrouw van het Heilig Hart; fr: Abbaye de Notre Dame du Sacré-Coeur), déi dem Trappistenuerde gehéiert, ass an der Uertschaft Westmalle, an der Gemeng Malle, an der natierlecher Regioun Campine, an der belscher Provënz Antwerpen.

D'Abtei déi wéinst hirem Béier bekannt ass, gouf 1794 gegrënnt.

D'Béierzorte vu Westmalle sinn:

  • Wetmalle Double an der Fläsch an am Faass
  • Westmalle Triple
  • Westmalle Extra

De Frère Thomas deen do als Braumeeschter geschafft huet, ass ee vun de bekanntste Braumeeschteren an der Belsch. Hien huet nodeem hie vu Westmalle fortgaange war, sech ëm d'Entwécklung vum Béier an der Abtei vun Achel bekëmmert. Do war hien de Virgänger vun engem anere bekannten Trappistebraumeeschter, de Frère Antoine.

Kuckt och änneren