Den Abbe ass e klenge Moundkrater op der Südhemisphär vun der Moundrécksäit. E läit südlech vum Hess-Krater an ëstlech vum Poincaré.

Abbe
De Moundkater Abbe
Koordinaten 57°34'48"S, 174°46'12"O
Duerchmiesser 63,98 km
Déift Onbekannt
Selenographesch Längt 187° bei Sonnenopgank
Genannt no Ernst Abbe
Genannt am Joer 1970
Moundvéiereck LQ29

De baussenzege Kraterrand ass liicht erodéiert an e puer kleng Kratere leien op dem nordwestlechen a südwestleche Rand. Déi bannenzeg Fläch ass relativ glat, huet awer e puer kleng Krateren.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
H 58,42° S, 177,54° O7 25 km [1]
K 59,82° S, 176,82° O7 26 km [2]
M 61,76° S, 175,2° O7 29 km [3]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren