Aarbechtsgeriicht (Lëtzebuerg)

D'Aarbechtsgeriicht ass eent vun den Tribunaler vun all Friddensgeriicht zu Lëtzebuerg.

D'Aarbechtsgeriicht ass an éischter Instanz kompetent fir Kontestatioune géint:

  • Aarbechtsverträg
  • Léierverträg
  • Zousazpensiounen an
  • Insolvenzversécherungen

Kompositioun änneren

D'Aarbechtsgeriicht besteet aus engem Friddensriichter deen d'Affäre presidéiert an aus zwéin Assesseuren, woubäi een dovun Employeur an deen anere Salarié ass. All Assesseur kritt e Mandat fir fënnef Joer, dat erneiert ka ginn.