Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kaffiskichelchen. Fir aner Bedeitunge vun "Aachtchen", kuckt wgl. Aachtchen (Homonymie).

Eng Aachtchen ass ee Kaffiskichelchen, deen säin Numm op de Glach mat der Ziffer Aacht zeréckgeet.

Eng Aachtchen

Eng Aachtche besteet aus zwéin Deeler:

  • dem gebakenen Deeg an
  • der Fëllung, woubäi d'Fëllung déi an der Mëtt vun den zwéi Rondelen ass och mat gebak gëtt, an doduerch um Deeg pecht an och op der ënneschter Säit méi fest gëtt.

Den Deeg kann e verdréinte Bliederdeeg oder en Hiefdeeg sinn. D'Gefëlls kann eng Vanillscrème oder eng Schmullscrème sinn.

Hautdesdaags fënnt een an de Bäckereien zu Lëtzebuerg bal nëmme méi Aachtercher aus Bliederdeeg. Et hänkt vum Bäcker of op en och nach e liichten Zockergoss iwwer de gebakenen Deeg mécht oder net.