Aacht Deeg an der Woch
Roman vum Jhemp Hoscheit
Aacht Deeg an der Woch ass den Numm vun engem Roman vum Jhemp Hoscheit aus dem Joer 2006.
Auteur | Jhemp Hoscheit |
---|---|
Erauskomm | 2006 |
Editeur | Editions Guy Binsfeld |
Ëm wat geet et? änneren
De Roman erzielt, streng chronologesch, den Alldag vun e puer Escher Jonge vu 16-17 Joer an hire Famillen, an de Woche vum Mee 68. D'Studentenonrouen zu Paräis op der Televisioun sinn de Kontrastprogramm zum rouege Lëtzebuerg, wou awer och op eemol verschidde Saachen a Fro gestallt ginn.
Den Titel bezitt sech op d'Lidd vun de Beatles, Eight Days a Week. D'Beatles-Musek, déi de Pol, ee vun de Jongen, begeeschtert lauschtert, zitt sech wéi e roude Fuedem duerch d'Buch an hëlleft him an alle Liewenslagen, net zulescht a Saache Léift...
Rezensiounen änneren
- Romain Hilgert: *Mai 68 in Esch." d'Lëtzebuerger Land 11.08.2006, S.14.
Bibliographie änneren
- Jhemp Hoscheit: Aacht Deeg an der Woch. Roman. Éditions Guy Binsfeld, 2006. ISBN 2-87954-159-X