A Mute Appeal ass eng lëtzebuergesch Metalband, déi 2011 vu 5 jonke Museker, déi virdru Member bei Unspoken Logic a Black-out Beauty waren, gegrënnt gouf.

Déi eenzel Membere vun A Mute Appeal hunn ënner anerem a Virbands vu Gruppe wéi Bullet for my Valentine (UK), Converge (USA), The Acacia Strain (USA), an nach villen anere gespillt.

A Mute Appeal spillen eng Meschung vun Deathcore ugehaucht mat progressive Riffer, déi sech duerch melancholesch a melodesch Elementer harmonesch ergänzen.