Den AR Scorpii (AR Sco) ass e verännerlechen Duebelstäresystem. Hie besteet aus engem Wäissen Zwerg an engem Rouden Zwerg am Stärebild Scorpius. Hie läit op enger Distanz vu ronn 380 Liichtjoer vun eis ewech. Ufanks hat een d'System fir e verännerlechen Delta-Scuti-Eenzelstär gehalen. Eréischt duerch Amateurastronome gouf erkannt, datt et sech beim Stäresystem ëm eppes spezielles handelt, woufir d'System méi genee ënnersicht gouf. Entspriechend gouf d'Duebelstärnatur eréisct am Joer 2016 entdeckt.

Duebelstär AR Scorpii
Kënschtleresch Duerstellung vum Duebelstäresystem
AR Scorpii - Stärebild Scorpius
Numm AR Scorpii
Stärebild: (Sco)
Daten
Rektaszensioun 16:21:47,283
Deklinatioun − 22:53:10,386
Spektralklass: WD + M5 Ve
Gréissteklass 14,58 mag
Distanz (384 ± 2) 4 Lj / 118
Parallax: (8,49 ± 0,04)
Mass: 0,81 bis 1,29 / 0,28 bis 0,45
Rotatioun: 117 s
Aner Bezeechnungen
2MASS J16214728-2253102

Eegenschaften änneren

De Wäissen Zwerg rotéiert all 117 Sekonnen ëm seng eegen Achs a send änlech wéi e Pulsar Radiowellen aus, woumat hien och als éischten „White Dwarf Pulsar“ bezeechent ka ginn. Hien huet ausserdeem e Magnéitfeld mat enger Flossdicht vu 500 Megagauss. De Rouden Zwerg liicht duerch d'Stralung vu sengem séier rotéierenden Wäissen Zwerg periodesch all 3,5 Stonnen op.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie