Lëtzebuerger Filmpräis 2021

Den 9. Lëtzebuerger Filmpräis gouf den 26. November 2021 verdeelt.

D'Präisiwwerreechnung war am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg

Präiszeremonie änneren

Ursprénglech hätt den 9. Lëtzebuerger Filmpräis sollen am Oktober 2020 ofgehale ginn[1], ma gouf wéinst der COVID-19-Pandemie ee Joer méi spéit, de 26. November 2021, organiséiert.

D'Präisiwwerreechung war am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg. De Fred Neuen an d'Clara Hertz hunn duerch de Programm gefouert.[2] Present waren nieft de Persounen aus der nationaler Filmindustrie och de Groussherzog Henri a seng Fra Maria Teresa, de Premier a Minister fir Kommunikatioun a Medie Xavier Bettel, d'Kulturministesch Sam Tanson an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.[3]

Wéinst der Coronapandemie huet am Sall d'Maskeflicht gegollt an d'Receptioun gouf kuerzfristeg ofgesot. D'Iesse vun der Receptioun gouf un d'Stëmm vun der Strooss gespent.[4]

Kategorien a Wal änneren

Eng éischt Kéier gouf d'Wiel an zwou Etappen duerch déi Ronn 400 Membere vun der Filmakademie gemaach: Fir d'éischt déi bescht (maximal) fënnef pro Kategorie, aus där dann ee Gewënner ausgewielt gouf. 81 Produktiounen stoungen am éischten Tour zu Auswiel, vun deenen der schlussendlech 40 nominéiert goufen, an dat fir 14 Präisser.[4][5]

Et gouf och e puer nei Präisser. De Präis fir déi bescht Schauspiller gouf ënnerdeelt an ee fir déi bescht männlech an ee fir déi bescht weiblech Interpretatioun. De Präis fir déi bescht Musek, deen et schonn 2005 an 2007 gouf, gouf nees agefouert.

Nieft de Gewënner, déi duerch d'Membere vun der Filmakademie gewielt goufen, huet eng international Jury aus Profien an deem Secteur de Gewënner an der neier Kategorie vum beschte Wierk an 'augmentéierter Realitéit' ausgesicht.[6]

D''Association luxembourgeoise de la presse cinématographique (ALPC) huet en eegene Präis wärend der Zeremonie verdeelt.

D'Zeremonie gouf op RTL.lu, RTL Play a filmprais.lu iwwerdroen.

Präisdréier an Nominéierungen änneren

 
Superjhemp retörns gouf als beschte Lëtzebuerger Laangfilm ausgezeechent

Déi erfollegräichst Produktiounsfirma war Samsa Film mat insgesamt aacht Präisser fir De Superjhemp retörns (zwee Präisser), d'Serie Capitani (véier Präisser) an d'Koproduktioune Colectiv an Tel Aviv on Fire (jee ee Präis). De Film Sawah war zwar fënnef Mol nominéiert, mee huet awer keng Kéier gewonnen.[7]

Déi verschidde Kategorië mat hire Kandidate sinn déi hei;[8] de Gewënner ass fett ervirgehuewen[9]

Beschte lëtzebuergesche Laangfilm (Fiktioun oder Animatioun) änneren

Beschte Laangfilm a Koproduktioun (Fiktioun oder Documentaire) änneren

 
Déi Bescht Koproduktioun war Colectiv

Beschte Laangfilm a Koproduktioun (Animatioun) änneren

  • Les Hirondelles de Kaboul vum Eléa Gobbé-Mévellec & Zabou Breitman
    • Pachamama vum Juan Antin
    • Wolfwalkers vum Tomm Moore & Ross Stewart

Beschte Kuerzfilm (Fiktioun oder Documentaire) änneren

Beschte Kuerzfilm (Animatioun) änneren

  • Seed of Hope vum Claude Kongs
    • Abigail vum Nicolas Debray
    • Mania vum Ugur Darya Eroglu

Beschte Laangfilm (Documentaire) änneren

 
An zéro - Comment le Luxembourg a disparu gouf als beschten Documentaire präisgekréint

Bescht Produktioun fir Tëlee oder nei Medien (Fiktioun oder Documentaire) änneren

Bescht Produktioun fir Tëlee oder nei Medien (Animatioun) änneren

Bescht Schauspillerin änneren

Beschte Schauspiller änneren

Bescht kreativ Kontributioun (Laangfilm; Fiktioun oder Documentaire) änneren

Bescht kreativ Kontributioun (Laangfilm; Animatioun) änneren

Bescht Musek änneren

Bescht Wierk an XR änneren

Präis vun der Associatioun vun de Filmkritiker änneren

Kritik änneren

De Michel Delage vum Radio 100,7 huet de Choix vun de priméierte Wierker a Fro gestallt a vu "Kachkéis-Nationalismus" (Superjhemp retörns) a "Kniddelen-Nationalismus" (An zéro) geschwat. Hien huet och d'Monopolstellung vun RTL an d'Nominatiounsprozedur vun der Filmakademie kritiséiert.[10] Och de Jeff Schinker vum Tageblatt huet d'"Mediokritéit" vun de präisgekréinte Wierker kritiséiert.[11] An den anere Medie gouf de Filmpräis neutral bis positiv opgeholl.

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. gouvernement.lu: La 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis et les assises du cinéma reportées à 2021., Communiqué op gouvernement.lu (27.Abrëll 2020)
  2. paperjam.lu: La cérémonie du Lëtzebuerger Filmpräis 2021 en photos (29. November 2021)
  3. gouvernement.lu: Palmarès de la 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis (27. November 2021)
  4. 4,0 4,1 rtl.lu: RTL Spezial: Lëtzebuerger Filmpräis am Replay (28. November 2021)
  5. wort.lu: Le retour du «Lëtzebuerger Filmpräis» vum Thierry Hick (24. November 2021)
  6. chronicle.lu: 2021 Luxembourg Film Prize Winners Unveiled (27. November 2021)
  7. 100komma7.lu: Lëtzebuerger Filmpräis geet un "De Superjhemp retörns" vum Michel Delage (26. November 2021)
  8. rtl.lu: D'Serie Capitani 5 Mol nominéiert fir de Lëtzebuerger Filmpräis. (27. Oktober 2021)
  9. "Palmarès de la 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis." Communiqué op gouvernement.lu, 27.11.2021.
  10. "Déi 'beschte' Lëtzebuerger Filmer..." Kommnetar vum Michel Delage op 100komma7.lu, 29.11.2021.
  11. tageblatt.lu: Lëtzebuerger Filmpräis / La soirée a été annulée. Bonne soirée: Le neuvième Lëtzebuerger Filmpräis vum Jeff Schinker (28. November 2021)