D'72er-Reegel ass e Begrëff aus der Finanzmathematik. Déi Reegel gëtt un, no wéi vill Joer e Kapital sech am Nennwäert verduebelt. Den Inflatiounstaux ass dobäi net berücksichtegt. Fir dat erauszefannen, deelt een 72 duerch de Joreszënssaz, dovu kënnt och den Numm vun der Reegel.

Beispill änneren

E Betrag deen zu engem Joreszënssaz vu 5 % ugeluecht ass, géif sech sou no (72 gedeelt duerch 5) zirka 14.5 Joer verduebelen.