Lëtzebuerger Filmpräis 2014

De 6. Lëtzebuerger Filmpräis gouf den 7. Mäerz 2014 verdeelt.

Dem Christophe Wagner säi Kimi Doudege Wénkel krut 2014 dräi Präisser.

Präiszeremonie änneren

D'Zeremonie vum 6. Lëtzebuerger Filmpräis gouf de 7. Mäerz 2014 am GoodBye Monopol 2, dem fréiere Lager vum Buttek Monopol op der Escher Strooss an der Stad Lëtzebuerg, organiséiert. De Gabriel Boisanté huet se viru 700 Gäscht animéiert.[1] De Grupp De Läb hat deen Owend en Optrëtt.[2]

15 Kuerzfilmer, 24 Koproduktiounen, 3 Laangfilmer, 10 Documentairen, 4 Animatiounsfilmer hunn ëm d'Präisser konkurréiert. Amplaz vun enger Jury hunn 2014 eng éischt Kéier déi 430 Membere vun der Filmakademie déi an hiren Ae bescht Filmer ausgewielt.[3]

Et war déi éischte Kéier, datt net méi all Persoun, déi fir d'Kategorië "Bescht kënschtleresch Kontributioun" a "Bescht technesch Kontributioun" eligibel war a fir déi eng Kandidatur agereecht gouf, och automatesch nominéiert gouf. D'Organisateuren hunn eng Preselektioun getraff, an et goufe maximal 30 Persounen an all Kategorie nominéiert.[3] Eréischt mat der 9. Editioun (2021) gouf d'Zuel un Nominéierungen an all Kategorie op fënnef begrenzt. Dowéinst sinn 2014 nach ganzer 24 Produktiounen als bescht Fiktiouns-Koproduktioun nominéiert.

De Film Doudege Wénkel vum Christophe Wagner gouf an der Kategorie "Beschte Spillfilm" geéiert. De Film krut och de Präis fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun, deen un de Schauspiller Jules Werner gaangen ass, a fir déi bescht technesch Kontributioun, deen un de Kameramann Jako Raybaut gaangen ass.

2014 goufen et och zwou Kategorie fir Animatiounsfilmer: eng fir Kuerfilmer an eng fir Spillfilmer. An där éischter gouf Mr Hublot geéiert, de scho virdru vill Präisser, dorënner den Oscar gewonnen hat.[4]

De "Prix du jeune espoir", deen et schonn 2009 net méi gouf, éier en 2012 zeréckkoum, gouf nees ofgeschaaft.

Präisdréier an Nominéierungen änneren

De Gewënner an all Kategorie ass fett ervirgehuewen.[5]

Beschte Lëtzebuerger Film änneren

Beschte Fiktiouns-Kuerzfilm änneren

Beschten Animatiouns-Kuerzfilm änneren

Beschten Animatiouns-Koproduktioun änneren

Bescht Fiktiouns-Koproduktioun änneren

Beschten Documentaire änneren

Bescht kënschtleresch Kontributioun änneren

  • de Schauspiller Jules Werner fir seng Roll an Doudege Wénkel

Bescht technesch Kontributioun änneren

Referenzen änneren

  1. paperjam.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2014 - 7 mars 2014 (. Mäerz 2014)
  2. luxtimes.lu: And the “Filmpräis” goes to... (9. Mäerz 2014)
  3. 3,0 3,1 lequotidien.lu: Tout savoir sur les 7e Lëtzebuerger Filmpraïs (23. Februar 2016)
  4. lessentiel.lu: «Doudege Wenkel» triomphe aux Filmpräis (8. Mäerz 2014)
  5. filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2014 (net datéiert)