Janssen (Exoplanéit)

(Virugeleet vu(n) 55 Cancri e)

De Janssen (55 Cancri e) ass en Exoplanéit, deen d'Komponent A vum Duebelstäresystem Copernicus ëmkreest. Hien ass dee bannenzege Planéit vu sengem Planéitesystem. Seng fir en Exoplanéit éischter kleng Mass an déi extreem kuerz Distanz zu engem Stär gi Spekulatiounen op, datt et sech ëm e massiven terrestresche Planéit kéint handelen, also eng sougenannt Superäerd. Zum Zäitpunkt vun der Entdeckung war hien de massenäermste bekannte Planéit ëm ee sonnenänleche Stär.

Exoplanéit Janssen
Gréisstevergläich Äerd a Janssen
Stärebild: Cancer (Cnc)
Daten
Equinoxe J2000.0
Hallefachs 0,0156
Exzentrizitéit 0,17 ± 0,04
Perihel / Aphel 0,0129 / 0,0183
Bunnschréi 82,5 (± 1,4)
Ëmlafdauer 0,7365449 (± 0,000005) d
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 1,378 • 1026
Equatorduerchmiesser 26487 km
Entdecker Barbara McArthur
Entdeckerplaz McDonald Observatoire

Entdeckung änneren

De Janssen gouf mat der Radialvitessmethod entdeckt. Zum Zäitpunkt vun der Planéitenentdeckung ware schonn dräi weider Planéiten am System vum Copernicus A bekannt. De Planéit gouf vum Barbara McArthur a senge Mataarbechter bei Observatioune mam Hobby-Eberly-Teleskop um McDonald Observatoire an Texas entdeckt an am Joer 2004 publizéiert. Spéider Observatioune hunn d'Entdeckung confirméiert.

Ëmlaf a Mass änneren

De Planéit ass – no Observatioun vum Weltraumteleskop Spitzer vun 2011 – mat enger Distanz vun 0,015 A.E. ganz no bei sengem Stär, ronn 26-mol méi no wéi de Merkur bei der Sonn. Wann eis Äerd op der selwechter Positioun wier, da géif de Buedem op 1760 °C opgewiermt ginn. De Planéit ëmleeft säi Stär an 18 Stonne an huet déi 7,8-fach Äerdmass.

Physikalesch Eegenschaften änneren

De Janssen ass mat Rp = 2,173 ± 0,09 Äerdradien eppes méi wéi duebel esou grouss wéi eis Äerd. Mat där Gréisst a Mass fält hien an d'Kategorie vun de Superäerden. D'Spitzer-Date soen, datt ronn e Fënneftel vun der Planéitemass aus liichten Elementer a Verbindungen – inklusiv Waasser – bestoe muss. Wéinst der intensiver Hëtzt an dem héijen Drock, deem d'Materialer ausgesat sinn, huelen d'Fuerscher un, datt d'Verbindungen an engem iwwerkritesche Flëssegkeetszoustand existéieren. Mass a Radius vum Planéit kënnen awer och duerch e kuelestoffräichen Zentrum erkläert ginn, deen aus Eisen, Kuelestoff, Silizium an/oder Silikater bestinn.[1] De Kuelestoff kéint dobäi wéinst der Temperatur an dem Drock eng Diamanteform hunn. Domat wier d'Zesummesetzung vum Janssen komplett anescht wéi déi vun der Äerd, déi an hirem Zentrum praktesch kee Kuelestoff huet.

De Planéit huet ongewéinlech grouss Temperaturënnerscheeder tëscht Dag an Nuecht. Op der Dagsäit vum Planéit sinn Temperature bis zu 2400 Grad Celsius, wärend op der Nuetssäit maximal 1100 Grad erreecht ginn.[2]

Numm änneren

Wéi all Exoplanéit gouf de Janssen am Ufank mam offiziellen Numm vum Stär an engem klenge Buschtaf, entspriechend der Reiefolleg vun der Entdeckung, bezeechent. No engem ausgeschriwwene Concours vun der I.A.U. gouf de 15. Dezember 2015 den Numm vum hollänneschen Optiker Zacharias Janssen zeréckbehalen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. N. Madhusudhan, K. K. M. Lee, O. Mousis: A Possible Carbon-rich Interior in Super-Earth 55 Cancri e. The Astrophysical Journal, 759 (2012), L40.
  2. Brice-Olivier Demory, Michael Gillon, Julien de Wit, et al.: A map of the large day–night temperature gradient of a super-Earth exoplanet. Nature (2016)
  • B. McArthur et al.: Detection of a Neptune-mass planet in the ρ1 Cnc system using the Hobby-Eberly Telescope. The Astrophysical Journal, 614 (2004), S. L81–L84. * Debra A. Fischer et al.: Five Planets Orbiting 55 Cancri. The Astrophysical Journal, 675 (2008), S. 790–801.
  • Michaël Gillon et al.: Improved precision on the radius of the nearby super-Earth 55 Cnc e. Astronomy & Astrophysics, 539 (2012), A28.