385th Air Expeditionary Group

(Virugeleet vu(n) 385th Bombardment Group)
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: Numm entsprécht net der aktueller Situatioun Artikel muss adaptéiert ginn, idem fir d'Nimm vun de Schwadrounen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'385th Bombardment Group war eng Bombergrupp vun de United States Army Air Forces déi am Zweete Weltkrich iwwer Europa aktiv war. D'Grupp huet aus 4 Schwadroune bestanen: 548., 549., 550. an 551. Schwadroun. D'Grupp war tëscht dem 17. Juli 1943 an dem 20. Abrëll 1945 296 Attacke geflunn. Hir Bommefligere ware B-17 Flying Fortress.

Emblem vun der 385th Bombardment Group
Eng B-17 vum 385th Bombardment Group
B-17 vum 385th Bombardment Group ënnerwee fir Neumünster ze bombardéieren

No 1947 gouf se an 385th Strategic Aerospace Wing ëmbenannt an duerno nach eng Kéier an 385th Air Expeditionary Group

Wéi se bis an England stationéiert waren, stoung d'Grupp ënner dem Kommando vun der 8. Airforce. Den éischten Asaz gouf de 17 Juli 1943 iwwer Amsterdam geflunn, et goung kee Fliger veluer awer d'Bombardement hat och net dat gewënscht Resultat, fir net ze soe guer keent. Och déi nächst véier Sortien hate praktesch kee Resultat.

Fluchfelder wou d'Grupp stationéiert war änneren

Kommandanten änneren

  • Col. Elliott Vandevanter vu Februar 1943 bis August 1944
  • Col. George Y. Jumper vun August 1944 bis Mee 1945
  • Lt. Col. H.T. Witherspoon Mee a Juni 1945
  • Col. William H. Hanson Juni a Juli 1945

Zesummenhank mat Lëtzebuerg änneren

Bei enger Kollisioun tëscht zwou B-17 iwwer der Uertschaft Pärel waren déi zwou Maschinnen erofgefall an 18 Besatzungsmemberen hunn hiert Liewe verluer. Zu Pärel erënnert e Monument an de 385th Bomb Group-Musée un dat Krichsevenement.

De Lëtzebuerger Charles Bech, Bouf vum Minister Joseph Bech war vu Mäerz 1944 bis Dezember 1944 Pilot an där Unitéit.