352LuxMag war eng lëtzebuergesch engleschsproocheg Zäitschrëft, déi op déi international Communautéit zu Lëtzebuerg ausgeriicht war.

352LuxMag war d'Nofollgerin vun der Zäitschrëft 352 Luxembourg News, déi selwer aus der 1981 vum Pol Wirtz gegrënnter Luxembourg News entstanen ass.[1] De 24. Juni 2011 ass déi lescht Versioun op Pabeier erauskomm.[2] Am Mäerz 2012 huet d'Firma New Media Lux, zu där och 352LuxMag gehéiert huet, Faillite gemaach; zanterhier gëtt et och déi digital Versioun net méi.[3]

Déi lescht Chefredaktesch war d'Ros Browne.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Delano: 352 Lux Mag to cease print edition (24. Juni 2011; gekuckt de 15. Juni 2012)
  2. Paperjam: Dernière édition pour 352 Lux Mag (24. Juni 2011; gekuckt de 15. Juni 2012)
  3. wort.lu: New Media Lux files for bankruptcy (19. Mäerz 2012; gekuckt de 15. Juni 2012)