Tupac Shakur

US-amerikanesche Rapmuseker
(Virugeleet vu(n) 2Pac)

Den Tupac Amaru Shakur, gebuer als Lesane Parish Crooks de 16. Juni 1971 zu New York a gestuerwen den 13. September 1996 zu Las Vegas, war en US-amerikanesche Rapper, Songwriter a Schauspiller.[1] Hie war besser als 2Pac an och kuerzzäiteg als Makaveli bekannt. Hie gëllt als ee vun de bekanntste Vertrieder vum West Coast Hip-Hop.

Tupac Shakur
Gebuertsnumm Lesane Parish Crooks
Pseudonym 2Pac, Makaveli, MC New York
Gebuer 16. Juni 1971
East Harlem
Gestuerwen 13. September 1996
Nationalitéit USA
Aktivitéit Rapper, Lidderschreiwer, Schauspiller, Dichter, Aktivist, Liddertexter, Sänger, Dänzer, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schrëftsteller
Famill
Liewenspartner(in) Kidada Jones, Madonna
Papp Billy Garland
Geschwëster Mopreme Shakur, Sekyiwa Shakur
E Graffiti mam 2Pac sengem Kapp zu Lissabon

Impakt änneren

Den Tupac Shakur huet iwwer 75 Millioune Placke verkaaft.[2] Seng Albumen All Eyez on Me a Greatest Hits zielen zu den Albume mat den héchste Verkafszuelen an den USA.[3] Hie gouf vu ville Musekzäitschrëften als ee vun de beschte Kënschtler vun allen Zäite gelëscht, dorënner vu Rolling Stone, a gëllt als ee vun de beschten an aflossräichste Rapper.[4],[5]

Den 2Pac huet als Roadie, Background-Dänzer an MC fir d'alternativ Hip-Hop Grupp Digital Underground ugefaangen, éier hien eng Solo-Carrière gestart huet.[6] D'Themen an de meeschte vum 2Pac senge Liddertexter dréine sech ëm d'Gewalt an de Misär an amerikanesche Stied, ëm Rassismus an aner sozial Problemer. Seng zwéin Elterendeeler an aner Familljemembere ware Member an der Black Panther Party, enger revolutionärer, schwaarz-nationalistescher a sozialistescher Beweegung. Déi Idealer spigele sech och a senge Lidder erëm.[6]

Am leschten Deel vu senger Carrière huet den 2Pac sech un der Rivalitéit tëscht den Unhänger vun East Coast Hip-Hop a West Coast Hip-Hop bedeelegt an ass a Konflikter mat anere Rapper, Produzenten a Museklabelmataarbechter geroden, dorënner am bekanntste mam Rapper The Notorious B.I.G. an dem Label Bad Boy Records.

De 7. September 1996 gouf de Shakur op enger Kräizung zu Las Vegas e puermol aus engem Auto ugeschoss. Hien ass sechs Deeg méi spéit am Spidol gestuerwen. Et ass net gewosst, wie fir de Muerd verantwortlech ass.

Discographie änneren

Studiosalbumen änneren

  • 1991: 2Pacalypse Now
  • 1993: Strictly 4 My N.I.G.G.A.Z...
  • 1994: Thug Life: Volume 1 (als Member vun der Grupp Thug Life)
  • 1995: Me Against the World
  • 1996: All Eyez on Me
  • 1996: The Don Killuminati: The 7 Day Theory

Albumen, déi no sengem Doud verëffentlecht goufen änneren

  • 1996: R U Still Down? (Remember Me)
  • 1999: Still I Rise (2Pac + Outlawz)
  • 2001: Until the End of Time
  • 2002: Better Dayz
  • 2004: Loyal to the Game
  • 2006: Pac's Life

Live-Albumen änneren

  • 2004: 2Pac Live
  • 2005: Live at the House of Blues

Filmographie änneren

  • 1992: Juice
  • 1993: Poetic Justice
  • 1994: Above the Rim
  • 1996: Bullet
  • 1997: Gridlock'd
  • 1997: Gang Related

Um Spaweck änneren

Commons: Tupac Shakur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. NPR Music: Growing Tupac's Legacy, 10 Years After His Death (13. September 2006)
  2. Hindustan Times (online): Happy Birthday Tupac! (16. Juni 2012)
  3. Billboard: Billboard 200 Chart Moves: 'Hozier' Has Sold a Half-Million (13. Mäerz 2015)
  4. answers.com: The Five Most Influential Rappers (gekuckt den 9. Juni 2015)
  5. Rolling Stone: 100 Greatest Artists (2. Dezember 2010)
  6. 6,0 6,1 Biographie op hotshotdigital.com (gekuckt den 9. Juni 2015)