Den 1I/ʻOumuamua (virdrun A/2017 U1 an C/2017 U1 (PANSTARRS)) ass méiglecherweis den éischten observéierten extrasolaren Objet, deen duerch eist Sonnesystem geflunn ass. E gouf den 19. Oktober 2017 mam Pan-STARRS Teleskop op Hawaii entdeckt, wéi den Himmelskierper ongeféier 0,2 A.E. vun der Äerd ewech war. Wéinst senge Bunneegenschafte gouf en ufanks fir e Koméit gehalen. Eréischt bei geneeën Observatioune gouf kee Schwäif a keng Koma gesinn, an den Objet gouf als Asteroid klassifizéiert.

1I/ʻOumuamua
(ESO/M. Kornmesser & nagualdesign) Kënschtleresch Duerstellung vum 1I/ʻOumuamua
Orbittyp interstellar (hyperbolesch)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs
PerihelAphel 0,2540 ± 0,0017 – ? AE
Exzentrizitéit 1,1961 ± 0,0045
Inklinatioun 122,565° ± 0,16 Grad
Perihelwénkel 241,4671°
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 93 d
Mëttel Bunnvitess virum Perihel: ~26 km/s
.nom Perihel: ~44
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser ~160 m
Mass ? kg
Albedo ?
Mëttel Dicht ? g/cm3
Rotatiounsperiod 16,8 ? h
Absolut Hellegkeet 22,08 ± 0,4453
Spektralklass ?
Entdeckung
Entdecker Pan-STARRS
Datum 18. Oktober 2017
Plaz Hawaii
Aner Bezeechnungen C/2017 U1 (PANSTARRS)
D'Bunn vum 1I/ʻOumuamua am bannenzege Sonnesystem

Fluchbunn änneren

Deen op 160 Meter Duerchmiesser geschaten Asteroid koum bal am Senkel zum Bunneplang vun de Planéiten an d'Sonnesystem eran. Den 2. September ass hien tëscht Sonn a Merkur duerchgeflunn. Zeréckrechnungen hunn erginn datt säin Ursprong aus dem Stärebild Lyra ass, net wäit ewech vum Haaptstär Vega. Déi Richtung entsprécht op ongeféier dem Sonnenapex, der Beweegungsrichtung vum Sonnesystem respektiv de Stäre vun der Noperschaft. Kuerz Zäit méi spéit gouf den Objet beim noe Rendez-vous mat der Sonn duerch där hir Gravitatiounskraaft ëm bal 90° ofgeleet. De 14. Oktober 2017 ass den Asteroid op enger Distanz vun zirka 24 Millioune Kilometer laanscht d'Äerd geflunn, wat ongeféier 60-mol sou wäit ewech ass wéi den Äerdmound. Zanterhier beweegt e sech mat ronn 44 km/s a Richtung Stärebild Pegasus a verléisst eist Sonnesystem op där Bunn.

Den Asteroid huet eng Bunnexzentrizitéit vun e = 1,2, soudatt seng Ëmlafbunn hyperbolesch ass.

Aner hyperbolesch Objeten änneren

Et gëtt och Koméiten, deenen hir Bunnexzentrizitéiten och méi grouss sinn wéi 1,0, beispillsweis de Koméit C/1980 E1 (Bowell), deen eng Bunnexzentrizitéit vun 1,0577 huet. Dee Koméit koum aus der Oort-Wollek an dat bannenzegt Sonnesystem. Dobäi gouf seng Bunn wärend senger noer Jupiter-Passage op eng hyperbolesch Bunn ofgebéit. D'Raumsonde Pioneer 10, Pioneer 11, Voyager 1 an Voyager 2 sinn och op hyperbolesche Bunnen a kommen ni méi an eist Sonnesystem zeréck. D'Sonde kruten déi drëtt kosmesch Vitess ( ) duerch exakt berechent Swing-by Manöveren.

Urspronk änneren

Kuerz no der Entdeckung konnt wéinst de Bunndate mat grousser Warscheinlechkeet ausgeschloss ginn, datt den interstellaren Objet aus der Oort-Wollek-Equivalent vum Alpha-Centauri-System kënnt. Et konnt och ausgeschloss ginn, datt den interstellaren Objet vun engem vun de Nopeschstäresystemer (méi no wéi 11 Liichtjoer) oder vum Luhman-16-System kënnt.

Weider Erkenntnesser änneren

Den 20. November 2017 huet d'Zäitschrëft Nature weider Erkenntnesser publizéiert. Bei Observatioune goufen aussergewéinlech staark Hellegkeetsschwankunge mat enger Period vu 7,3 Stonne festgestallt. Déi Périod gëtt och als Rotatiounszäit ugeholl. D'Form soll gerullt a staark längelzeg sinn, mat engem Längte-/Säiteverhältnes vun 10:1, woubäi d'Längt op d'mannst 400 m bedroe soll. Weider konnt guer kee Stëbs a senger Géigend fonnt ginn, wouraus ugeholl gëtt, datt e kee Waasser matféiert an aus Gestengs oder Metall besteet.

Den Numm änneren

De 6. November 2017 huet de Minor Planet Center déi nei Bezeechnung 1I/ʻOumuamua bekannt ginn. Dat ass eng fir dësen Asteroid nei agefouert Klassifizéierung an der Nomenklatur vun den Asteroiden a Koméiten. De grousse Buschstaf "I" als zweet Zeechen am Numm steet hei fir interstellaren Objet. Déi Zuel 1 virdrun zielt den Objet als éischte vun der genannter Kategorie. Nom Minor Planet Center sinn och d'Bezeechnungen 1I, 1I/2017 U1 an 1I/2017 U1 (ʻOumuamua) korrekt. ʻOumuamua bedeit am Hawaiianeschen "fir d'éischt z'erreechen". Dat soll op seng Eegenschaft als "Buet" aus enger wäiter Vergaangenheet uspillen. Virdru war den Objet am Schema vun der aktueller Benennung virleefeg als A/2017 U1 resp., wéi en am Ufank fir e Koméit gehale gouf, als C/2017 U1 (PANSTARRS) bezeechnet ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: 1I/ʻOumuamua – Biller, Videoen oder Audiodateien