153P/Ikeya-Zhang
153P/Ikeya-Zhang
Orbittyp laangperiodesch
Grouss Hallefachs 51,214
Perihel 0,507 AE
Aphel 101,920 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.990
Perihelduerchgank 18. Mäerz 2002
Ëmlafdauer 366 Joer 186 Deeg
Ëmlafvitess 58,92 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser
Entdecker Kaoru Ikeya, Zhang Daqing
Entdeckungsdatum 1. Februar 2002
Aner Bezeechnungen C/2002 C1

De Koméit 153P/Ikeya-Zhang gouf am Joer 2002 vun zwéin Astronomen onofhängeg vuneneen entdeckt. De chineeseschen Astronom Zhang Daqing hat den 1. Februar 2002 am Stärebild Cetus en neie Koméit entdeckt, wat hien der IAU gemellt hat. De japaneschen Astronom Kaoru Ikeya hat de Koméi awer annerhallef Stonne méi fréi gesinn, well a Japan d'Sonn méi fréi ënnergeet wéi a China. Well awer déi béid Observateuren onofhängeg vunenee bannent 24 Stonne de Koméit entdeckt haten, krut de Koméit am Ufank d'Bezeechnung C/2002 C1 Ikeya-Zhang.

De Koméit hat den 18. Mäerz 2002 säi Perihel mat enger visueller Magnitude vun 3,5 mag, passéiert a konnt mat bloussem A observéiert ginn. Domat war hien den hellste Koméit zanter dem Joer 1997.

Seng berechent Ëmlafzäit ass 366,51 Joer. Et huet sech spéider erausgestallt, datt de Koméit Ikeya-Zhang schonn am Joer 1661 vu chineeseschen Astronomen entdeckt gi war. Déi definitiv Bezeechnung vum Koméit ass 153P/Ikeya-Zhang.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren