Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

.zip ass eng Extensioun fir compriméiert an archivéiert Dateien. Den Ausdrock .zip gëtt un den Numm vu sou Dateien ugehaangen a kennzeechent se. Et ass eng Compressioun vun enger oder méi Komponenten, déi sech duerch d'Compressioun besser verschécken a späichere loossen an déi an engem Archiv och manner Plaz brauchen. Fir mat Zip-Filen ze schaffen, brauch een also e Programm, fir d'Komponenten ze kompriméieren, also anzepaken, an duerno een, fir se erëm auszepaken. Haut gëtt et och Zip-Dateien, déi, wann ee se uklickt, sech vum selwen auspaken. Fir Programmer, déi aus dem Internet erofgeluede ginn, ass dat e grousse Virdeel.

Geschicht vun der Archivéierung mat Zip-Dateien änneren

Am Ufank, 1989, goufen d'Programmer PKZIP gebraucht, fir ze kompriméieren a PKUNZIP fir ze décompriméieren. Den US-Amerikaner Phil Katz hat se erfonnt an agefouert.

Kuckt och änneren