(720) Bohlinia

Asteroid

Den (720) Bohlinia ass en Asteroid vun der Haaptceinture. E gouf den 18. Oktober 1911 vum däitschen Astronom Franz Kaiser zu Heidelberg entdeckt a gouf nom schweedeschen Astronom Karl Petrus Theodor Bohlin (1860–1939) genannt.

(720) Bohlinia
Een dräidimensionalt Modell vum (720) Bohlinia baséierend op sengem Liichtbou
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2.886 A.E.
Peridatum 18. Oktober 2011
Exzentrizitéit 0.0156
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 330 d
Mëttel Bunnvitess 17,5
Inklinatioun 117.9 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 33 km
Rotatiounsperiod 8 h 55 min
Albedo 0,20
Absolut Hellegkeet 9,7M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker Franz Kaiser
Entdeckungsdatum 18. Oktober 1911
Plaz Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl
Aner Bezeechnungen 1911 MW


Den Objet gehéiert zur Koronis-Asteroidefamill, enger Grupp von Asteroiden, déi nom (158) Koronis genannt ass.

Eng Grupp vun Astronomen, dorënner de Lucy d'Escoffier Crespo da Silva an de Richard P. Binzel, hunn Observatiounen aus de Joren 1998 bis 2000 benotzt, fir d'Spin-Vektor-Ausriichtung vun dësen Asteroiden ze bestëmmen. Déi kollektiv Aarbecht huet zu der Entwécklung vun 61 neien individuelle Rotatiounsliichtbéi gefouert, fir fréier publizéiert Observatiounen z'ergänzen.

De Binzel an de Schelte Bus hunn d'Wëssen iwwer dësen Asteroid an enger 2003 publizéierter Liichtwellestudie weider ausgebaut. Dee Projet war als Small Main-belt Asteroid Spectroscopic Survey, Phase II oder SMASSII bekannt, deen op enger fréierer Analys vun den Haaptceinture-Asteroiden opgebaut huet. D'Spektrendate vun der visueller Wellelängt (0,435–0,925 µm) goufen tëscht August 1993 a Mäerz 1999 gesammelt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren