(469219) Kamoʻoalewa

Asteroid
(Virugeleet vu(n) (469219) 2016 HO3)


Den (469219) Kamoʻoalewa (2016 HO3) ass en Asteroid. Hie gouf de 27. Abrëll 2016 mam buedemgebonnene Groussteleskop Pan-STARRS 1 (Panoramic Survey Telescope And Rapid Response System) am Nationalpark Haleakalā op Hawaii entdeckt. Hien ass dee warscheinlech stabilste Quasisatellit vun eiser Äerd. Et ass en Äerdbunnkräizer, a gëtt dofir (nom Asteroid (1862) Apollo) als Apollo-Asteroid klassifizéiert. E kreest op enger bal kreesfërmeger Ëmlafbunn, déi der Äerdbunn gläicht, ëm d'Sonn.

(469219) Kamoʻoalewa
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,001229934908869 A.E.
Exzentrizitéit 0,1041429093141734
Sideresch Ëmlafzäit 365,9309688008125 Deeg
Inklinatioun 7,771395618758937 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 40–100 m
Absolut Hellegkeet 24,183M
Entdeckung
Entdecker Pan-STARRS 1
Entdeckungsdatum 27. Abrëll 2016

Ëmlafbunn änneren

Den (469219) Kamoʻoalewa brauch 366 Deeg fir een Ëmlaf ronderëm d'Sonn, an der Moyenne ass en 1,0012 Astronomesch Eenheete vun der Sonn ewech, wat praktesch exakt der Distanz Äerd–Sonn entsprécht. Mat enger Exzentrizitéit vun e = 0,10 ass d'Bunn vum Asteriod méi elliptesch wéi den Äerdorbit a steet 7,77 Grad schréi zur Ekliptik.

Iwwer ettlech Joerzéngten huet sech den Orbit vum Asteriod ëmmer mees liicht verännert a verréckelt sech vu Joer zu Joer eppes no hannen oder no vir. Déi maximal Distanz vum Asteriod zu der Äerdkugel ass 100-mol d'Distanz Äerd–Mound. Hie kënnt der Äerd ni méi no wéi dat 38-facht vun där Streck.

änneren

Den Himmelskierper huet en Duerchmiesser vu 40 bis 100 Meter.

Bunnentwécklung änneren

Prezis Berechnungen deiten drop hin, datt den Kamoʻoalewa zanter knapps engem Joerhonnert e stabille Quasisatellit vun der Äerd ass an et och fir déi nächst Joerhonnerte bleiwe wäert. Obschonns den Kamoʻoalewa sech ëmmer a relativer Äerdëmgéigend ophält, ass hie keen zweeten Äerdmound, well hie sech op enger eegener Ëmlafbunn ëm d'Sonn beweegt. Hien ass och net am Schwéierefeld vun der Äerd gefaangen.

Galerie änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren