Den (17) Thetis ass en Asteroid vun der Haaptceinture.

(17) Thetis
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,470 A.E.
Exzentrizitéit 0,1346
Sideresch Ëmlafzäit 3 a 322 d
Mëttel Bunnvitess 18,9 km/s
Inklinatioun 5,59 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 90 km
Mass zirka 7,6 • 1017 kg
Mëttel Dicht zirka 2 g/cm3
Rotatiounsperiod 12,3 h
Albedo 0,17
Absolut Hellegkeet 7,8M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker K.T.R. Luther
Entdeckungsdatum 17. Abrëll 1852
Plaz Düsseldorf
Aner Bezeechnungen A913 CA
A916 YF
1954 SO1

Den Objet gouf de 17. Abrëll 1852 vum Karl Theodor Robert Luther am Observatoire Düsseldorf entdeckt.

Den Himmelskierper gouf no der Thetis, enger Miernymph aus der griichescher Mythologie ganannt.

Den Asteroid Thetis beweegt sech tëscht 2,1 A.E. an 2,8 A.E an 3,9 Joer ëm eis Sonn. D'Bunn steet 5,6° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,13.

Den Thetis huet en Duerchmiesser vu 90 km. En huet eng hell silikaträich Uewerfläch mat enger geometrescher Albedo vun 0,17 an e rotéiert an 12,266 Stonnen eemol ëm seng eegen Achs.

Aspekter änneren

Stationär,
da réckleefeg
Oppositioun Minimal-
distanz
(AE)
Maximimal-
hellegkeet
(mag)
Stationär,
da rechtleefeg
Konjunktioun
zu der Sonn
24. Januar 2015 8. Mäerz 2015 1,45107 10,8 26. Abrëll 2015 30. November 2015
14. Juli 2016 26. August 2015 1,31557 10,4 9. Oktober 2016 22. Abrëll 2017
21. Oktober 2017 12. Dezember 2017 1,82324 11,6 1. Februar 2018 29. Juli 2018

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren