Żabbar, och Ħaż-Żabbar, Città Hompesch oder Casal Zabbar genannt, ass mat 14.671 Awunner déi fëneftgréisst Stad op Malta.

Zabbar Sanctuary

Se grenzt u Birgu, Xgħajra, Fgura, Marsaskala, Żejtun, Bormla a Kalkara. Den Tiel Città Hompesch krut se vum leschte Groussmeeschter vum Uerde vun de Ritter vum Hellege Jang, dem Ferdinand von Hompesch zu Bolheim.

Wärend der brittescher Herrschaft sinn eng Rëtsch Forten a Batteriën an der Géigend gebaut ginn: de Fort St Rocco, de Fort St Leonardo, d'Delle-Grazie-Batterie an d'Zonqor Batterie.