Şükrü-Saracoğlu-Stadion

De Şükrü-Saracoğlu-Stadion ass e Foussballsstadion am Distrikt Kadıköy vun Istanbul an der Tierkei. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen ekipéiert ass, a mat 50.509 Plazen ass en nom Atatürk Olympia Stadion an no der Türk Telekom Arena den drëttgréisste Foussballsstadion an der Tierkei.

Eng Choreographie wärend engem Foussballmatch vu Fenerbahçe-Fans.

D'Foussballfeld ass 105 x 68 m grouss, a vun der UEFA gëtt et an der Klass vun de Fënnefstärestadione gefouert.

Den Numm gouf 1998 zu Éiere vum fréiere Ministerpresident a fréiere President vu Fenerbahçe Mehmet Şükrü Saracoğlu verginn.

Et ass de Stadion op deem de Fenerbahçe seng Heemspiller ausdréit.

Um Spaweck änneren

Commons: Şükrü-Saracoğlu-Stadion – Biller, Videoen oder Audiodateien