Émilie Dequenne

belsch Schauspillerin
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Émilie Dequenne, gebuer den 29. August 1981 zu Belœil, an der Provënz Hainaut, a gestuerwen de 16. Mäerz 2025 zu Villejuif (Val-de-Marne), war eng belsch Schauspillerin.

Émilie Dequenne
Gebuertsnumm Émilie Odette Ghislaine Dequenne
Gebuer 29. August 1981
Belœil
Gestuerwen 16. Mäerz 2025
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller
Gielercher Bescht Schauspillerin beim Festival vu Cannes, César fir déi bescht Nieweroll

Si gouf 1999, mat just 18 Joer, wéinst hirer Haaptroll am Film Rosetta vun de Bridder Dardenne bekannt, fir déi s'um Filmfestival vu Cannes de Präis fir déi bescht Schauspillerin krut (de Film selwer krut d'Gëlle Palm).

Bekannt Filmer, wou se matgespillt huet sinn Le pacte des loups (2001), La fille du RER (2009), À perdre la raison (2012), Pas son genre (2014), Chez nous a Les hommes du feu (2017).

2021 krut si den César fir déi bescht Nieweroll fir hir Interpretatioun an Les choses qu'on dit, les choses qu'on fait.

Si ass u Kriibs gestuerwen.

Filmographie

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Émilie Dequenne – Biller, Videoen oder Audiodateien