Éischt Prager Defenestratioun
Déi éischt Prager Defenestratioun huet den Ufank vun den Hussitekricher agelaut. Den 30. Juli 1419 hunn Hussiten, Adepte vum Jan Hus, dee véier Joer virdrun um Konzil vu Konstanz als Ketzer ëffentlech verbrannt gouf, d'Stadhaus aus der Neistad op der Karelsplaz zu Prag, gestiermt, fir aner Hussiten, déi do gefaange gehale goufen, ze befreien.
Dobäi hu se zéng Persounen aus der Fënster gehäit: de Buergermeeschter, zwéi Conseilleren, dem Riichter säi Representant, fënnef eeler Leit an e Kniecht. Déi 10 goufen, wéi s'op der Strooss louchen, erschloen. E weidere Conseiller ass an der Folterkummer gestuerwen.
Radikal Reformateure mam Priedeger Jan Želivský un der Spëtzt haten den Opstand virbereet.[1]
De Kinnek Wenzel IV. aus dem Haus Lëtzebuerg huet sech doriwwer sou opgereegt, datt en e Schlag krut, an de 16. August 1419 un de Follgen dovu gestuerwen ass.
Virum Stadhaus steet haut e Bronzemonument, dat 1960 vun der Jaroslava Lukešová geschaf gouf, an dat un de Jan Želivsky erënnert.
Referenzen
änneren- ↑ František Šmahel: Die hussitische Revolution. Hannover, Hahn, Band 2, 2002, ISBN 3-7752-5443-9, S. 1003.