Dës Säit beschäftegt sech mat dem landwirtschaftlechte Geschier Éig. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Éig (Homonymie).

Eng Éig [eiç], och alt Éigt, ass e landwirtschaftlecht Geschier, fir déi iewescht Couche vum Buedem ze zergrimmelen, déck Knuppe Buedem ze verklengeren, oder frësch geséinte Som anzeschaffen. An hirer ursprénglecher Form handelt et sech ëm en (hëlzent) Gerëscht, un deem Zäpp sinn, déi iwwer de Buedem gezu ginn.

Eng modern zesummeklappbar Éig

D'Bestanddeeler vun enger Éig sinn: d'Rumm, d'Schläf, an d'Zänn[1]

Ofhängeg vum Buedem kann déi traditionell Éig mat enger Scheiwenéig ersat ginn. Et gëtt nach eng Zort mat gefiederten Zänn, entweeder mat Zänn aus Fiederstol oder mat Zänn déi eng Ophänkung mat enger Drockfieder hunn. Déi gëtt generell jee no Ausféierung als Fiederzant, oder Grubber, bezeechent.

Um Spaweck änneren

Commons: Éigen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lemma "Éig" am LWB, engelmann.uni.lu.