Égide Walschaerts

belschen Ingenieur an Erfinder

Den Égide Walschaert, gebuer den 21. Januar 1820 zu Mechelen a gestuerwen den 18. Februar 1901 zu Saint-Gilles, war e belschen Ingenieur an Erfinder.

Égide Walschaerts
Gebuer 21. Januar 1820
Mechelen
Gestuerwen 18. Februar 1901
Saint-Gilles
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Ingenieur

De Walschaerts hat 1844 d'Kulissesteierung fir Damplokomotiven erfonnt. D'Walschaerts-Steierung gouf praktesch op de Lokomotiven an der ganzer Welt agesat, fir d'éischt op der belscher Staatsbunn, dunn nodeem eng Lokomotiv déi an den Ateliere vun Tubize gebaut gouf, 1873 op der Weltausstellung zu Wien eng Goldmedail krut, vun 1859 un a Frankräich, vun 1874 un an Amerika a vun 1876 un an England. Am däitschsproochege Raum gouf deen Distributiounssystem Heusinger-Steierung genannt, wéinst dem Edmund Heusinger von Waldegg, dee se onofhängeg vum Walschaerts kuerz duerno och erfonnt hat.

De Walschaerts hat och op der Corliss-Dampmaschinn Verbesserunge gemaach, fir déi hien op der Weltausstellung vu Paräis 1878 och eng Goldmedail krut.

Fonctionnement vun enger Walschaerts-Steierung

Um Spaweck änneren

Commons: Égide Walschaerts – Biller, Videoen oder Audiodateien