Äisklatze sinn e raren natierleche Phenomeen, bei deem kleng Stécker vu Mier-Äis (gefruerent Mierwaasser), wann et kal genuch ass, am oppene Waasser vu Wand a Stréimungen zesummekluddert a gerullt ginn, a sou klatzen- oder och alt eeërfërmeg Stécker Äis entstinn. Déi kënnen dann a Kéip op der Plage ugeschwemmt ginn.[1][2][3]

Formatioun vun Äisklatzen (5–10 cm Duerchméisser) op der Stroomi Plage, zu Tallinn, an Estland, bei enger Temperatuer vu minus 15 °C bis minus 20 °C.

2016 gouf op enger Plage a Sibirien eng Äisklatz vun engem Meter Duerchméisser entdeckt.

Äisklatze kënnen och op de Groussen Nordamerikanesche Séien entstoen, do gi se ice balls genannt.[4]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. "'Ice eggs' cover Finland beach in rare weather event." bbc.co.uk, gekuckt 2022-04-22
  2. Mike McRae: "Hundreds of Mysterious 'Ice Eggs' Have Washed Up on a Finland Beach." ScienceAlert.com, 14. November 2019, gekuckt 2022-04-23
  3. "How Ice Balls Form". geographyrealm.com, 2019-11-14, gekuckt 2022-04.
  4. Ice balls on Lake Michigan. op pinterest.co.uk, 2022-04-23